News
E Land wéi Portugal ass europäesche Spëtzereider an der Impfcampagne mat 91% vun der Bevëlkerung, déi eng 1. Impfung kritt hunn. D’europäesch Moyenne läit bei em 70%, wärend zu Lëtzebuerg nëmmen 365.000 Leit, also 63,2% vun der Bevëlkerung eng 1. Impfdosis kritt hunn, obwuel genuch Vaccin disponibel ass (*1). Dofir huet dann och de Vizepremier François Bausch hei op der Antenne sech enttäuscht gewisen iwwert déi niddreg Impfbereetschaft zu Lëtzebuerg an d’Familljeministesch Corinne Cahen sot – och bei eis op der Antenne – si géif déi Leit net verstoen, déi de Vaccin refuséieren. De Paul Hammelmann versicht a senger Carte blanche eng Explikatioun zu dësem Refus ze ginn.