Arts
Aus eng trauregem aktuellem Ulass, dem Doud vum Georges Hausemer, den 13. August 2018, rediffuséiere mir d'Emissioun "Georges Hausemer - de Schrëftsteller vum Mount vum 23. Oktober 2017. Südeuropa a Westafrika, Südostasien a Latäinamerika - vun iwwerall, wou de Georges Hausemer säi Fouss opgesat huet, huet hien och meeschtens literaresch Spuren hannerlooss. Seng villfälteg Reesliteratur ass op alle Fall eenzegaarteg zu Lëtzebuerg. Eng Odyssee duerch dem fräischaffenden Auteur seng Reesprosa a seng Reesberichter. D'Valerija Berdi mat Detailer.