Arts
Aus eng trauregem aktuellem Ulass, dem Doud vum Georges Hausemer, den 13. August 2018, rediffuséiere mir d'Emissioun "Georges Hausemer - de Schrëftsteller vum Mount vum 30. Oktober 2017. Och wann d'Reesliteratur e bedeitenden Deel vum Georges Hausemer senger schrëftstellerescher Aarbecht ausgemaach huet, sou däerf een net säin anert Wierken aus den Ae verléieren. Nieft Lyrik a Prosa huet hien och Kannerbicher verfaasst, war Zeechner, Iwwersetzer a Blogger. E Bäitrag vum Valerija Berdi iwwer de Georges Hausemer - a seng Literatur an all senge Formen.