Sports
Déi Lëtzebuerger Futtball Dammennationalequipe huet hir zwee éischt Matcher an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun hannert sech. Och wann et géint England eng 0-10 Defaite gouf, ass dat eng Experienz gewiescht, déi di jonk FLF-Equipe an Zukunft no vir bréngt. Am nationalen Härechampionnat ass den F91 Diddeleng nom 8. Spilldag nom kloeren 6-1 géint Ettelbréck nach ëmmer un der Tabellespëtzt. D'Spëtzepartie huet de Racing 2-0 beim Progres Nidderkuer gewonn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert: