#59 Dee mat der Nuit des musées

Share:

Listens: 0

Paus.

Comedy


Fir déi 20. Nuit des Musées huet de City Museum eis op d'Leit lassgelooss – an hei ass de Best of vum Podcast-Marathon aus eiser neier Stuff! Um Sëlwertablett ginn et international, sympathesch an engagéiert Gäscht, déi deelweis schonn en Hallefmarathon hannert sech haten, ier si mat eis iwwer hier Highlights vum Owend a vun der nächster Zäit geschwat hunn. Wou, wann net hei, geet et an enger eenzeger Sendung ëm musikalesch Planzen, Saachbeschiedegung a Louis Vuitton? A schounungslos investigativer Manéier hu mir Essentielles diskutéiert, ewéi zum Beispill: Ass Lëtzebuerg amfong Bielefeld? Kann e Musée sexy sinn? Dierf een alles upaken? A wou ass eigentlech d'"Gëlle Fro"? Tatsächlech gouf dat Eent oder Anert awer och méi seriö beschwat an et si Fënsteren zur Konscht- a Muséeswelt opgemaach ginn. Maacht iech prett fir e perfekte Mix aus Geschicht, Glamour a Chemtrails mat Paus. aus der #MuseTechLounge!