Comedy
Zu Vino sagen wir nie "no"... an dofir si mir on tour op der Musel! Bei eise Kolleege vu Schumacher-Knepper gëtt et Hollywoodglamour mam Marty McFly an der Prinzessin Leia. Wéi et dëst Joer mat de Wënzerfester ausgesäit, weie Promiwäin sech just als Esseg fir d'Zalot eenegt a wéi engem VIP-Wënzer ee wierklech traue kann – hei gitt dir ët gewuer. Dir kennt "AOC" nëmmen aus dem US-Kongress a "SolidAHRität" ass iech kee Begrëff? We've got you! Ass Crémant besser ewéi Schampes? Staamt de Yannick aus enger Wënzer-Dynastie? Wéi eng Edel-Tropfen sinn "Pittscholi" an "Fernsehwäin"? A wäert d'Jill jeemools de richtege Wäisswäin kafen? Froen iwwer froen, an deelweis esouguer Äntwerten drop – haut bei Paus.! #PinotGrisgeetëmmer