Comedy
Summer-Paus. ass fir déi aner – hei gëtt et e klenge Special zu allem, wat an der (méi oder manner) waarmer Joreszäit (méi oder manner) wichteg war. Niewebäi gëtt och nach mat engem gudden Téi op 2 Joer Podcast ugestouss. #humble #blessed Tëschent pedagogesche Korypheen a Metal of the Unicorns ginn et net just déi hottest Summertipps, animalesch Interluden an Hip(po) Kanner, mee och alles Wichteges zum Thema Olympia (vun a mat de Sportexperten äres Vertrauens). An och dës Kéier gëtt net viru grousse Froen zeréckgezéckt: Ween ass déi neisten Voice of Luxembourg? Mat wéi engem Fussballclub war d'Jill an der Vakanz? A ween ass eigentlech den Amnai Chamalan?