#51 Dee mam Gender

Share:

Listens: 0

Paus.

Comedy


Är Lieblings-Castaways presentéieren iech haut den offiziellen Apero zum Pride Month. De Yannick offenbart, firwat d'Gemeng schold u senger sexueller Orientéierung ass and d'Jill ass insgesamt aggressiv. Ob LNS oder ZLS, 80er Filmclassics oder Instrumenter*innen (Witz in honor of Thomas Gottschalk) – den Gendergap vun de Podcasts deckt nees knallhaart Wourëchten op. Trotzdeem bleift nach Zäit fir nei Verschwörungstheorien zu Germany's Next Topmodel a Leit ouni Stréckelen. Maacht iech prett fir en héichintellektuellt Gespréich iwwer Geschlechter, Genderen an d'Danielle-Marianne-Georgette. Hei ginn déi Froe gestallt, déi wéidinn: Ass en Hetero Pride Month laang iwwerfälleg? Versaut d'Genderen wierklech eist schéint Lötzaboiescht? Fir et mat de Wierder vum Sprooch-Verfechter a postmoderne Poet Hans Peter Baxxter ze soen: "Sunshine in the air, We're breaking the rules, Ignore the machine, You won't ever stop this."