Comedy
Mat der kuerzer Virmeldung dass dës Episod virum Breach vum US Kapitol opgeholl gouf erkläre mir iech hei kuerz a knapp wat dës Episod alt erëm sou besonnesch mécht: Mir hunn ënnert anerem eis Monarchie knallhaart analyséiert, am Kader vum Grand-Duc Jean sengen 100 Joer, hunn awer och eng knallhaart Analyse vu lëtzebuergescher Musek op lëtzebuergesche Radiosender gemaach. Ausserdeem ass HEI ELEI och den eenzege Podcast wou et em den Tun Tonnar awer och den MF DOOM geet an är 2 Liblings Mikrostänner ruffe fir "The greater good" bei d'Piraten an den ZLS un. Zum Ofschloss: kaaft lokal an ënnerstëtzt äert Lokal!